Wollen Sie die Umfrage auf Deutsch beantworten? Klicken Sie hier oder oben rechts, um die Sprache zu ändern.

Souhaitez-vous répondre au sondage en français ? Cliquez ici ou en haut à droite de la fenêtre pour changer la langue.

Would you like to answer the survey in English? Click here or at the top right of the window to change the language.


Onlinebefragung PDC Kopstal


Léif Biergerinnen a Bierger,

Mir freeën eis iwwer Ären Interessi un dëser Ëmfro! Mir wëllevun Iech wëssen, wat fir eng Impressioun Dir haut vun der Gemeng Koplescht hutt.

D’Zil ass, Är perséinlech Aschätzung bei der Erstellung vun engem kommunalen Entwécklungsplang (Plan de Développement Communal - PDC) fir d’Gemeng Koplescht do wouet méiglech ass, do ze berécksiichtegen, wou et méiglech wier.

Am Ufank froe mir no perséinlechen Informatiounen zu Ärer Persoun (anonym). Fir all Themeberäicher vun der Online-Ëmfro gëtt eng Bewäertungsfro gestallt. Fir all Themeberäicher gëtt et d’Méiglechkeet an, an engem fräien Textfeld äert Interessi u weideren Informatiounen iwwer déi jeeweileg Themeberäicher auszedrécken. Beuecht w.e.g., datt sämtlech Froen sech ëmmer op dat gesamt Gemengegebitt vu Koplescht bezéien. Dir braucht ongeféier 10 Minutten, fir de Questionnaire auszefëllen.

Weider Informatiounen zum PDC fannt Dir ënnert deem follgende Link:


FR: http://bit.ly/4q23Cl9

LUX: https://bit.ly/4pZLNn7

EN: https://bit.ly/4h3kUud



Dir kënnt nach bis inklusiv den 08.12.2025 bei der Ëmfro matmaachen.

Bei Réckfroen zur Ëmfro sti mir gär zu Ärer Verfügung:


Biergerzenter
1-3, rue Nicolas Goedert, 8133 Bridel
population@kopstal.lu
Tel.: 27 327 222

Villmools Merci fir Är Participatioun!
D’Gemeng Koplescht verpflicht sech, Är perséinlech Donnéeën ze schützen a just déi onbedéngt noutwendeg perséinlech Donnéeën ze sammelen. Den Haaptzweck vum Traitement vun den Donnéeë besteet dran, Iech d’Méiglechkeet ze ginn, un enger Biergerëmfro deelzehuelen an Är Meenung matzedeelen. Réckschlëss op d’Äntwerte vun eenzele Persoune bei der Auswäertung sinn net méiglech. Är Anonymitéit gëtt respektéiert. Déi gesammelt Äntwerte ginn ausgewäert a fir d’Erstellung vum „Plan de Développement Communal (PDC)“ vun der Gemeng Koplescht weiderbenotzt. D’Donnéeën aus den iwwermëttelte Formulare gi just fir esoulaang gespäichert, wéi et fir d’Erfëlle vun deem betreffenden Zweck néideg ass.
Ech sinn domat averstanen, datt meng perséinlech Donnéeën (Geschlecht, Alter, Nationalitéit) am Kader vun dëser Ëmfro benotzt ginn.(Erforderlich.)
4 / 15
27%